#onlineWoxx

2025-06-27

Am Bistro mat der woxx #341 – Psychische Gesundheit und LGBTQIA+

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

D’mentalt Wuelbefanne vu queere Persounen ass net nëmmen eng Fro vun Therapieplazen. Wat a Budapest oder Washington geschitt, huet och en Impakt op Lëtzebuerg – op d’Liewensqualitéit, op d’Sécherheetsgefill, op d’Gesondheet. D’Melanie Czarnik […]

woxx.lu/psychische-gesundheit-

#amBistroMatDerWoxx #LGBTIQA_ #onlineWoxx #psychischeGesundheit

De Logo vun "Am Bistro mat der woxx": Een Kopfhörer an de gréngen X vum woxx-Logo.
2025-06-20

Am Bistro mat der woxx #340 – Wéi ka Sport fir jiddereen*t sinn?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

„Design for all“ heescht eng Philosophie, mat där Barrierefräiheet net just nodréiglech agebaut, mä vun Ufank u matgeduecht soll ginn. Och am Sport kann een*t dat ëmsetzen – wann een*t just wëll. D’Melanie Czarnik wat sech de Gym „Iron […]

woxx.lu/wei-ka-sport-fir-jidde

#amBistroMatDerWoxx #Fitness #FunctionalFitness #Inklusion #onlineWoxx #Sport

De Logo vun "Am Bistro mat der woxx": Een Kopfhörer an de gréngen X vum woxx-Logo.
2025-06-13

Am Bistro mat der woxx #339 – Zebrastreifen-Affäre: Der lange Weg zur Transparenz

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Was mit einem Projekt zur Verkehrssicherheit begann, wurde zum Symbolfall für Intransparenz und Machtspiele in der Kommunalpolitik. In dieser Episode sprechen wir über die sogenannte Zebrastreifen-Affäre. Jahrelang weigerte sich die Stadt Luxemburg, dem […]

woxx.lu/am-bistro-mat-der-woxx

#amBistroMatDerWoxx #LuxemburgStadt #onlineWoxx #Transparenz #Verkehrssicherheit #Zebrastreifen #ZentrumFirUrbanGerechtegkeet #Zug

2025-06-06

Am Bistro mat der woxx #338 – Mam Platzverweis renforcé an den autoritäre Staat?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

An dëser Episod schwätze mir iwwert de Gesetzesprojet vum Platzverweis renforcé, dee vill Kritik krut. Dat Thema steet awer net eleng fir sech, mä wéisst op eng gréisser Entwécklung hin, déi ganz besuergneserreegend ass. Et gëtt net nëmmen ëmmer […]

woxx.lu/am-bistro-mat-der-woxx

#amBistroMatDerWoxx #Armut #Demo #LéonGloden #onlineWoxx #Platzverweis #webexclusive

2025-05-30

Am Bistro mat der woxx #337 – Onhygieenesch Zoustänn a Lëtzebuerger Flüchtlingsstrukturen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Ee Bericht vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot wéist op schlëmm Conditiounen an de Strukturen, déi Flüchtlingen zu Lëtzebuerg ophuelen, hin. D’woxx-Journalistin María Elorza konnt de Bericht liesen, an och aner Dokumenter, wéi zum Beispill Fotoen, […]

woxx.lu/am-bistro-mat-der-woxx

#amBistroMatDerWoxx #Klima #Klimakrise #Klimapolitik #onlineWoxx #webexclusive

2025-05-23

Am Bistro mat der woxx #336 – Wéi vill Klimaschutz wëll d’Lëtzebuerger Bevëlkerung?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Eng rezent Etüd vum Observatoire de la politique climatique huet d’Leit zu Lëtzebuerg gefrot, wéi si zur Klimapolitik stinn. An d’Majoritéit vun der Bevëlkerung ass fir méi Klimaschutz. D’María Elorza huet sech d’Etüd ugekuckt a schwätzt am Podcast […]

woxx.lu/am-bistro-mat-der-woxx

#amBistroMatDerWoxx #Klima #Klimakrise #Klimapolitik #onlineWoxx #webexclusive

2025-04-18

Am Bistro mat der woxx #330 – Digitale Abhängigkeit

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Déi meescht Software, déi zu Lëtzebuerg an der Verwaltung benotzt gëtt, kënnt vu grousse US-Techkonzernen – Microsoft, Google, Amazon a Co. A mat engem Trump, dee rem an der Regierung ass, stellt sech d’Fro: Wat passéiert, wann dës Konzerner op eemol net méi wëllen oder däerfen? D’Regierung gesäit kee grousse Risiko, mä aner Länner wéi Däitschland oder Holland huelen d’Saach méi eescht. Wat heescht technologesch Souveränitéit iwwerhaapt? Firwat kéint Open Source eng Léisung sinn? A wéi eng Alternativen ginn et fir jiddereen*t am Alldag? Am Gespréich mat Joël Adami geet d’woxx dëse Froen op de Grond.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: IT-Infrastruktur: Digitale Abhängigkeiten

 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/2015626/c1e-43kxrt17zkxb82p5v-xxoor3xjf4q5-oocl23.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

2025-04-11

Am Bistro mat der woxx #329 – Online-Psychotherapie ass nëtzlech, mä wisou gëtt se net rembourséiert?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.


Et gi vill Grënn, fir eng Psychotherapie-Sëtzung per Videokonferenz ofhalen ze wëllen: Et ass een*t a senger Mobilitéit ageschränkt, et huet een*t eng ustiechend Krankheet oder sëtzt esou déif an enger Depressioun oder Angschtstéierung, datt een*t grad net virun d’Dier kann. Egal wéi: Dacks sinn et déi Krisemomenter, wou et besonnesch wichteg wier, fir Therapie kënnen an Usproch ze huelen. Mä zu Lëtzebuerg ginn dës Online-Sëtzungen net vun der Gesondheetskeess CNS rembourséiert. An dat, obwuel sech am Fong jiddereen – Psychotherapeut*innen, Patient*innen, CNS a Gesondheetsministère – eens ass, datt dat sënnvoll wier. Wisou ass dat esou? D’Melanie Czarnik huet dat fir d’woxx recherchéiert. An dëser Episod erkläert si, wat si dobäi erausfonnt huet a wisou och de Remboursement vun Online-Therapie am Fong just ee klenge Schratt wier.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Psychische Gesundheit: Inklusive Psychotherapie

 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/2011631/c1e-1vk5ob598vrc6o0km-okm36vw7bx1r-iki8zy.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

2025-04-04

Am Bistro mat der woxx #328 – Kein Begehren? Kein Problem! Asexualität und Aromantik

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.


Asexualitéit – e Wuert, dat fir vill Leit nach onbekannt ass. Awer fir aner ass et eng wichteg Identitéit, déi se endlech beschreift. Am Podcast vun haut schwätze mir doriwwer, wat et heescht, keen sexuellt Verlaangen ze spieren, firwat dat näischt mat Krankheet ze dinn huet, a firwat et Zäit ass, dass och d’‘A‘ am LGBTQIA+ gesi gëtt.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Asexualität und Aromantik: Wer A sagt

 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/2006644/c1e-p24xrt1p0g9bq8524-dm4kw08xt72d-bd1teq.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

2025-03-28

Am Bistro mat der woxx #327 – Wéi Senior*innen sech an d’Klimabeweegung abréngen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.


Bei der Klimabeweegung denkt een*t vläicht als éischt u jonk Leit, déi Freides op d’Strooss ginn oder sech op d’Strooss pecht. Zu Lëtzebuerg waren dës zwou Aktiounsformen zwar ni immens staark, mä trotzdeem dominéieren esou Biller den ëffentlechen Discours. Mä et ginn och ganz aner Klimaaktivist*innen, déi och mat anere Methode schaffen. Esou zum Beispill d’Klimasenior*innen, ëm déi et dës Woch am Podcast geet. Engersäits ginn et d’Klimaseniorinnen aus der Schwäiz, déi eng grouss Victoire zu Stroossbuerg virum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter errongen hunn. Wat dat Urteel bedeit a wat d’Schwäiz elo maache muss, erkläert d’María Elorza am Podcast. Si schwätzt och doriwwer, wat deen nach klenge Grupp vu Lëtzebuerger Klima-Senior*innen esou wëlles huet.
Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Klimaklagen: Sie zeigen den Weg 
 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/2002286/c1e-7039mt9503kt5z616-gpwq240zfxr3-o6f6hm.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

2025-03-21

Am Bistro mat der woxx #326 – Wann den Dierwiechter an d’Flüchtlingsheem kënnt …

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.


Zu Lëtzebuerg gëtt et ee Mangel u Plazen a Strukture fir Leit, déi geflücht sinn. Zesumme mat dem extrem iwwerlaaschte Wunnengsmaart feiert dat zu Situatiounen, datt Leit aus de staatleche Strukturen expulséiert ginn. Hir eenzeg ëffentlech Alternativ ass dann déi sougenannt Maison de retour – oder d’Wanteraktioun. Am Podcast erkläert d’María Elorza, wéi et zu dëser Situatioun komm ass a wéi se sech warscheinlech entwéckele wäert.
Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Politique d’asile : Signaux d’alerte.
 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/1997208/c1e-8nrqgto7pz7hr7d3d-1p4m702gt881-c3jzqg.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

2025-03-14

Am Bistro mat der woxx #325 – D’Situatioun vun de Roma zu Lëtzebuerg

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Et gi vill Virurteeler iwwert Roma, an zu Lëtzebuerg sinn dës besonnesch staark, wéi déi rezent Diskussiounen iwwert Heescheverbuet gewisen hunn. De Fabien Grasser huet fir d’woxx mat zwou Associatiounen, déi sech d’Roma zu Lëtzebuerg an an der Grenzregioun asetzen, geschwat. Hien erkläert am Podcast, wat Problemer a Virurteeler sinn a wat fir Widderstänn et an der Lëtzebuerger Politik gëtt, zum Beispill géint eng aire de transit. Mir schwätzen awer och doriwwer, wat eng Roma-Associatioun um Festival des Migrations mécht a wat d’Besicher*innen vun hirem Stand erwaart.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Roms du Luxembourg : l’État aux abonnés absents. Besicht och d’woxx op eisem Stand um Festival des Migrations (Stand Nummer 128).

 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/1992790/c1e-p24xrt140jvfq8o5o-6z12zvjdt92r-epfy6t.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

2025-03-07

Am Bistro mat der woxx #324 – Wisou Logement ee feministescht Thema ass

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

De Wunnengsproblem zu Lëtzebuerg ass grouss – eng Tatsaach, där sech déi meescht Leit wuel bewosst sinn. Wéineger bekannt ass awer, datt de Logement och ee feministescht Thema ass. Wisou dat esou ass, erkläert d’Tatiana Salvan an dëser Episod vum woxx-Podcast. Et geet ëm Diskriminéierung, Lounënnerscheeder an d’Fro, wat d’Politik ënnerhëlt. Ausserdeem stelle mir d’Fuerderunge vun der Plattform JIF, déi de Logement dëst Joer zu engem vun hiren Haapttheme gemaach huet, méi genee vir.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Le logement, source d’inégalités entre les sexes

 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/1987880/c1e-wrx8jfrnm97h8kgg3-ndo7kpw4iznd-h2bx2g.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

2025-02-28

Am Bistro mat der woxx #323 – Méi a méi séier bauen: Op Käschte vun der Natur?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

An dëser Episod schwätzt de Joël Adami mat der Melanie Czarnik iwwer d’Reform vum Naturschutzgesetz an d’Kritik, déi dës mat sech bréngt. Wéi kann d’Regierung d’Natur schützen a gläichzäiteg méi Wunnraum schafen? A geet et hei wierklech ëm eng equilibréiert Léisung oder ginn Ëmweltauflagen einfach ofgebaut? Mir kucken, wéi d’Reform sech op d’Biodiversitéit an d’Liewensqualitéit am Land auswierke kéint a firwat Klimaschutz ëmmer méi aus der politescher Prioritéitenlëscht verschwënnt.

Den Artikel dozou: Reform des Naturschutzgesetzes: Mit der Kettensäge

 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/1983604/c1e-p24xrt57ng9fq850p-47dw53rvc6wg-tmnzaw.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

2025-02-21

Am Bistro mat der woxx #322 – Wat Schwerhörigkeit mat psychescher Gesondheet ze dinn huet

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

 An dëser Episod vum Podcast schwätzen d’Melanie Czarnik an de Joël Adami doriwwer, wéi et ass, net gutt ze héieren. Mir gi gewuer, wat d’Ursaache fir Schwerhörigkeit kënne sinn, an diskutéieren, wéi dat och erëm op op d’Psych schloe kann. Mir beliichten d’Situatioun zu Lëtzebuerg, déi duerch d’Méisproochegkeet net grad einfach ass, an dofir och héich Ufuerderungen un Dolmetscher fir déi däitsch Gebäerdesprooch mat sech bréngt. Zum Schluss geet et dann och drëm, wat d’Politik maache kéint, fir fir méi Inklusioun ze suergen.

Den Artikel dozou: Leben mit Schwerhörigkeit: Missverstehen

 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/1978482/c1e-d8z2vc607qdfw98qn-z3d67qx8fn0-p6yzab.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

2025-02-14

Am Bistro mat der woxx #321 – Klimakrise: Pläne der Regierung, Forderungen der CSL

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Haut schwätze mir iwwert d’Klimakris an hir Auswierkungen op Lëtzebuerg. Wéi hu sech d’Temperature bei eis verännert, a wat sinn déi konkret Konsequenzen fir d’Natur an d’Aarbechtswelt? De Joël Adami erkläert, wéi d’Regierung mam neie Klimaupassungsplang reagéiert a firwat d’CSL Ännerungen am Aarbechtsrecht fuerdert, fir d’Aarbechter*innen besser ze schützen.

Den Artikel dozou: Klimakrise: An der Anpassung arbeiten

 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/1974512/c1e-j7d3vtq9xn8c5vdx9-0v5158jvbrj6-dgrn6h.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

2025-02-07

Am Bistro mat der woxx #320 – Wisou ass et wichteg, iwwer Suizid ze schwätzen?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Haut schwätze mir iwwert ee komplext an onangeneemt Thema, nämlech Suizid. Wisou ass et wichteg, iwwert Suizid ze schwätzen an och dat Wuert ze benotzen? Wat kann ee*nt maachen, wann ee*nt mat enger Persoun konfrontéiert ass, déi suizidär Gedanken äussert? D’Melanie Czarnik an de Joël Adami diskutéieren net just iwwert déi Froen, mä schwätzen och doriwwer, wat fir gesellschaftlech Gruppe besonnesch betraff sinn. Si decken och e puer Mythen, déi et iwwert suizidär Persoune ginn, op.

Den Artikel dozou: Psychische Gesundheit: Gefährliches Schweigen

 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/1968526/c1e-o2mz9tvzx7ztdwnnj-v626wg18fj8v-ki67qa.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

2025-01-31

Am Bistro mat der woxx #319 – Zwou Petitiounen zum Thema LGBTIQA an der Chamber

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Leschten Dënschde gouf an der Chamber iwwert zwou Petitiounen diskutéiert. Déi eng wollt all LGBTIQA-Themen aus der Schoul verbannen, déi aner huet sech fir méi vun dësen Themen am Unterrecht agesat. D’Melanie Czarnik an de Joël Adami diskutéieren am Podcast, wéi si dës Diskussiounen erlieft hunn an analyséieren, wéi d’Politik mat de Petitiounen ëmgaangen ass – an iwwerleeën, wat een hätt kéinte besser maachen.

D’Artikelen dozou: LGBTIQA-Politik: Sonntagsreden reichen nicht & Debatte: Nicht-Wissen-Wollen

 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/1954821/c1e-wrx8jfr2kw2h8kggn-ndor38ppc36p-eer6e6.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

2025-01-24

Am Bistro mat der woxx #318 – D’russesch Krichswirtschaft an d’Konsequenzen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Kuerz virun Enn vu senger Präsidentschaft huet de Joe Biden nacheng Kéier säfteg Sanktioune géint Russland beschloss. Den DonaldTrump schéngt dat net ze steieren, hien huet dem Putin mat nach méiSanktioune gedréit, sollt de Krich an der Ukrain net geschwënnzu Enn sinn. Ee gudde Moment also, fir sech unzekucken, wat déiSanktioune genee sinn a wéi se wierken. An Russland gëtt et zwareng Zort wirtschaftleche Boom, mä trotz niddreger Aarbechtslosegkeetan héije Léin kënne sech vill Leit d’Liewen net leeschten. Wisoudat esou ass, erkläert den Thorsten Fuchshuber an dëser Episod vumwoxx-Podcast.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Russland und die US-Sanktionen: Kannibalisierende Kriegswirtschaft

 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/1949456/c1e-08kpxcj43vmc6dmmx-z3dp0wq4u33r-dpdfcv.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

2025-01-17

Am Bistro mat der woxx #317 – Dual-Use: Krichsmaterial aus Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Obwuel mir zu Lëtzebuerg keng eege Rüstungsindustrie hunn, gi Firmen aus dem Grand-Duché beschëllegt, u Krichsverbrieche bedeelegt ze sinn. Dat dës Firmen zwou Banke sinn, ass fir déi meescht vun eis warscheinlech net iwwerraschend. An dëser Episod geet et dorëms, wéi Lëtzebuerg a seng Finanzplaz bei Kricher a Krichsverbrieche matmécht. Ob dëst manner wäert ginn, hänkt vun der Regierung of, wéi d’woxx-Journalistin María Elorza Saralegui erkläert. Dat hänkt engersäits dovunner of, wéi d’Richtlinn fir een Droit de vigilance ëmgesat gëtt, an anerersäits dovunner, wéi Lëtzebuerg an Zukunft mat sougenannten Dual-Use-Projeten ëmgeet.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Génocide des Kurdes : Responsabiliser les complices

 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/1944436/c1e-q7mo0t2g8m4tjpvq1-5z1x6w9ghm26-hetbgq.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Client Info

Server: https://mastodon.social
Version: 2025.04
Repository: https://github.com/cyevgeniy/lmst