hambier

Hobby sysadmin with interests in FOSS, IT, programming, electronics, gaming, politics.
Messes with computers since the FDIV bug. Knows a bit about numbers.

Toots in LB, EN, DE, FR.
Private account, obviously.

2023-10-19

@kwisarts @0xclaude Jo, meng Telefonsnummer war och an deem Leak mat dran obschonns ech jorelaang kee Konto mĂ©i do hat. đŸ€Ź

"Leider" war den Ufank vum Gespréich esou mat HannergrondgerÀicher duerchsat, dass ech ofgelenkt war an d'GéigesÀit just ugegranzt hunn de background noise ze killen. Ech mengen awer net dass se e Crypto-Site erwÀhnt hunn bei deem ech e Konto hunn. Dono ass mer bewosst ginn, dass se mech gefrot huet, ob ech den [Numm] [Virnumm] wier.

2023-10-19

@0xclaude "selweschte Problem": déi cibléiert Scam-Calls oder zousÀtzlech och Bizarres mat Stéierungen op der Handynummer?

2023-10-19

@0xclaude Jo, d'Fro ass just wĂ©i eng dat all sinn 😒
Well 2FA maachen ech primĂ€r iwwer dĂ©i ĂŒblech OTP-Coden. Mee bei ville gĂ«tt et de Fallback via SMS. Wat jo eigentlech eng tipptopp LĂ©isung wier. (Bis op de genannten Detail eben...)

An dobĂ€i hunn ech lĂ€ngst keng CryptowĂ€hrunge mĂ©i. 😣

Soss Infos oder Erfahrungen? Wat ech méi speziell fannen ass dass et eng gewëss zÀitlech Koinzidenz mat dem Prob. gëtt dass keen Tango-Client méi u mech kënnt.

2023-10-19

Da googlen ech emol e bëssen no Sim swap an SS7 well ech déi Begrëffer nach am Hannerkapp hat an da fannen ech dës PÀrel:

Reportedly, recent security testing of SS7 by an operator in Luxembourg took Norway’s largest network operator offline for over three hours due to an “unexpected external SS7 event”.
😂
theguardian.com/technology/201

2023-10-19

Juppi, grad e Scam-Call kritt, dĂ«s KĂ©ier awer vun enger Tango-Nummer. Mee: d'Mme hat mĂ€in Numm a Virnumm. Also schĂ©i ciblĂ©iert. 😣

Iergend eppes vu Blockchain a Crypto a "my recent call". Numm<->Telefonsnummer kéint vum FB-Leak kommen a Crypto kéint och ganz cibléiert gewiescht sinn (Merci Lastpass).

Hm, meng Handysnummer huet zanter 2 Woche Problemer (enorm laang Geschicht). Soll ech elo ganz paranoid ginn an en Zesummenhang gesinn? đŸ€”

2023-10-19

@Egghat Bei meiner Bank konnte man lange Zeit in der Messaging-Funktion keine Nachrichten absenden die ein '€' enthielten. đŸ€·â€â™‚ïž

2023-10-19

@codefiscal Elo weess ech, wéi al Leit sech fillen, wann ech déi do Beschreiwung um Post-Site liesen.

Hm, oder ech sinn al. Merci fir nÀicht, léif Post.

2023-10-19

A souwisou géif e KrankeschÀin och nÀicht Ànneren, well dee muss een direkt ofbriechen, soubal een erëm fit genuch ass fir schaffen ze goen. Infektiéis oder net interesséiert d'Gesetz net. (Ass opmannst emol am Public esou.)

hambier boosted:
2023-10-19

Hacker leaks millions of 23andme genetic data profiles.

Please resequence your DNA asap, make sure you use at least four different letters and a minimum length of 3.2×10âč characters.

bleepingcomputer.com/news/secu

2023-10-19

@bassman578 Dat op alle Fall! An d'Influenza kënnt och erëm drun.
Mee fir de Rescht gesinn ech déi ganz Saach mam Infektiounsschutz zimlech fatalistesch.

2023-10-19

RTL - Nogefrot: Geet ee schaffen, wann de Covid-Test positiv ass?
rtl.lu/news/national/a/2127758

Sinn ech deen Eenzegen dee fënnt, dass déi Aussoen zwar gutt gemengt sinn, mee glat nÀicht mat der Realitéit ze dinn hunn?

Oder wou gëtt et e KrankeschÀin fir e bësse Schnapp (awer pos. Test)?

An de Schoule gëtt souwisou drop an dowidder gehouscht. Gutt dass kee méi test, da stelle sech och keng lÀsteg Froen.

Si gespaant wéi d'Liewenserwaardung fir Enseignanten evoluéiert...

hambier boosted:
Caolan McMahoncaolan@hachyderm.io
2023-10-19

Definition: mobile app (noun) - a web page wrapped in spyware.

hambier boosted:
Baldur Bjarnasonbaldur@toot.cafe
2023-10-17

“Scrollbars are becoming a problem”

The current state of scrollbars is, on the face of it, objective evidence that the people who run tech do not give a single solitary fuck about usability or UX artemis.sh/2023/10/12/scrollba

hambier boosted:
nixCraft 🐧nixCraft
2023-10-16

can you guess which distro this person is using?

hambier boosted:
Merlin Gillard đŸš‹đŸ˜·merling@sciences.social
2023-10-16
2023-10-16

@klotiii Geléiert hu mer glat nÀicht. Op kengem Niveau. Déi nÀchst Woch fueren ech, am beschte Beruffstraffic, duerch d'halleft Land fir un enger Reunioun zu Walfer um 17h deelzehuelen. Grondlos en présentiel. Et ass sou desolat dat Ganzt.

Nom Motto: Ass et da wierklech Aarbecht, wann ee kee Bensin verbrutscht, kee Stau produzĂ©iert, keng Infektioune vespreet, d'Kanner net extra laang an d'MR stĂ©cht? Dat schĂ©ngen dĂ©i 4 raisons d'ĂȘtre vu sou Reuniounen ze sinn.

2023-10-16

@klotiii SelbstverstĂ€ndlech. A grad sou selbstverstĂ€ndlech wĂ€erte besser BelĂ«ftungsanlagen mat virgeschriwwenem Filtergrad etc. et mĂ«ttelfristeg an d'Baunormen packen. A wann dann an 100 Joer dĂ©i lescht bestehend Schoul ofgerappt ass, ass et jo och an d'Praxis Ă«mgesat. đŸ€·â€â™‚ïž

2023-10-16

@klotiii Méi konstruktiv (fir QP?): D'Santé recommandéiert sÀit d'Joren d'Grippeimpfung ë.a. fir Enseignanten (wuelgemierkt "pour raisons socioéconomiques", net wéinst hirer Gesondheet). Rot emol, wéi oft ech déi am Kader vun der Aarbecht ugebuede krut...
Op der Santé selwer kréien d'Beamten se op der Aarbecht proposéiert. Fir am Eenzelbureau ze sëtzen.

2023-10-16

@klotiii Grouss Deeler vun der aktiver Gesellschaft si souwisou maximal exposĂ©iert wĂ©inst hire Kanner. Wann een iergendwou prioritĂ€r usetze misst, reng rational gesinn, wier et an deene Masseninfektiounsanstalten. Also Maskeflicht fir SchĂŒler a LĂ©ierpersounen de ganzen Dag? No thanks. A Loftfilteranlage wĂ«ll keen, well SchĂŒler gi jo net schlĂ«mm krank... An dat kascht jo.

hambier boosted:
2023-10-16

Kids in High School:
"I don't understand why I have to take biology, chemistry, and other basic science classes. When am I ever going to use this stuff in my life?!"

As Adults:
"Vaccines cause autism, GMOs are unsafe, climate change is a lie, the earth is flat, and chemtrails!! l've done my research. If you disagree with me, you're a sheep!!"

Client Info

Server: https://mastodon.social
Version: 2025.04
Repository: https://github.com/cyevgeniy/lmst